In Memoriam – Josy Hamer

In memoriam

Josy Hamer

3.10.1925 – 26.12.2022

Direkter vum Stater Conservatoire vun 1965 bis 1989

De Josy Hamer huet ons de 26. Dezember 2022 fir ëmmer verlooss. Et wor de Wonsch vu sénger Famill fir den Deuil an der strikter Intimitéit ofzehalen an domat och dem Josy Hamer sengem diskreten Wiese gerecht ze ginn. Haut op sengem 98. Gebuertsdag ass et der Direktioun an dem Personal aus dem Stater Conservatoire, deem Haus, dat hien opgebaut, geleet an esou staark geprägt huet, en Härzenswonsch hirem directeur honoraire Merci ze soen an hir Dankbarkeet auszedrécke fir säin onermiddlechen Asaz fir de Conservatoire, séng Schüler, säi Personal a fir d‘Kultur am Allgemengen.
De Josy Hamer wor e grousse Mann
an en aussergewéinleche Mënsch.

Här Hamer, mir vergiessen Iech nie!

 

 

In Memoriam – Josy Hamer