Sonndeg, den 19. September um 15 Auer

Auditorium vum Staater Conservatoire

Eng Rees duerch d‘Zäit…

mam Georges Urwald a sengem Ensembel,

dem Marly Marques an dem Mady Weber

E Liddernométteg fir Mënsche mat Demenz a jidderee soss

Organiséiert vun der MIL asbl am Kader vum Weltalzheimerdag 2021

 

Mat Zesummestellunge vun de bekanntste Lëtzebuerger an internationale Lidder reese mer duerch d’Zäiten. Mat vill Gesank, Piano a verschiddene Blosinstrumenter. Bekannte Lidder vum Spillmann, dem Blannen Theis, Éiweggrénger vum Dicks, Pärelen aus der Lentz-Famill, Spëtzbouwesches vu Poutty Stein & Co., Scouteschlager, Wäilidder vun der Musel an eng Hellewull vun internationale Lidder a Stiler, déi d’Rock- an d’Popgeschicht gepräägt hunn, garantéieren e Lidderfest, eng Gesanksfeier, e Moment, an deem mer einfach zesumme sinn an zesumme genéissen.

Flyer

 

Mir maachen de COVIDCHECK a garantéieren och gläichzäiteg eng Distanz tëschent de Gruppen.

Zousätzlech bidde mer e Livestream un fir datt souvill wéi méiglech Leit vum Nomëtteg profitéiere kënnen.

 

Ticketen: 15 EUR, 8 EUR (étudiants), 1,5 EUR (Kulturpass)
Kanner ënner 12 Joer si gratis.

 

D’Zuel vun den Ticketen ass limitéiert. Reservatiounen iwwert:  www.luxembourgticket.lu, T: 470895-1
Mir bieden d’Alters- a Fleegeheemer sech direkt bei eis ze melle vu datt d’Rollstullplaze begrenzt sinn. info@milasbl.lu, T: 661 955 044

 

Mat der Ënnerstëtzung vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte, dem Ministère de la Culture, der Stad Lëtzebuerg an der Fondation Indépendance

 

Photo crédit Jeanine Unsen